D’ala invitéiert Iech dëst Joer erëm op säi Memory Walk. Säin 20. Memory Walk fir genau ze sinn. Dëse fënnt de 25. September 2021 an der Stad statt.
De Memory Walk ass eent vun dräi Evenementer, déi dëst Joer am Kader vum Welt-Alzheimerdag mam Info-Zenter Demenz an der Momenter intensiv liewen – Mil asbl organiséiert ginn.
Afin d’offrir une possibilité supplémentaire aux personnes du secteur de la santé, du secteur des soins et du secteur social de se faire vacciner, le Ministère de la Santé et le Ministère de la Famille ont prévu des bus avec des équipes de vaccination mobiles. Ils permettent aux professionnels, qui sont en contact avec des personnes vulnérables, de se faire vacciner du 28 juillet au 10 août 2021 sans rendez-vous et sans démarches administratives préalables sur un des nombreux sites de vaccination à travers le pays. Le 28 juillet, le bus de vaccination était présent une première fois sur le parking de la Maison de séjour et de soins « Beim Goldknapp » à Erpeldange-sur-Sûre.
Le bus de vaccination sera de passage le 25 août de 9h00 à 12h00 à la Maison de séjour et de soins „Beim Goldknapp“ à Erpeldange-sur-Sûre
Nous vous informons qu’il sera possible pour les personnes non vaccinées de recevoir une première injection lors de ces missions. Toutefois, elles devront organiser elles-mêmes leurs rappels. Plusieurs solutions s’offriront à ces personnes :
soit par les médecins libéraux,
soit par la hotline pour un rendez-vous au centre de vaccination,
au centre de vaccination Victor Hugo dans la ligne sans RDV qui débutera le lundi 16 août.
Klengen Update vun den Ausbauaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng virum Kollektiv-Congé. Et geet gutt virun! No der wuelverdéngter Summerpaus geet et dann erëm den 23. August lass mat den Aarbechten.
De Parking hannert dem Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng ass fäerdeg! En ass net nëmme ganz schéin, mee en ass och extreem praktesch an e bitt vill Plaz fir eis Visiteuren an eist Personal.
De 17. Juni 2021 huet d’Assemblée générale vun der ala am Wunn- a Fleegheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng stattfonnt. Véier Mandater sinn 2021 ofgelaf a fënnef Leit hunn hir Kandidatur gestallt. Et hunn also misse Walen organiséiert ginn.
De Verwaltungsrot vun der ala setzt sech elo wéi folgend zesummen:
Presidentin: Madame Dr. Carine Federspiel
Vizepresident: Här Marc Schaefer
Generalsekretär: Här Dr. Jean Jacquemart
Tresorier: Här Jules Geisen
Memberen:
Här Daniel Baulisch
Madame Chantal De Mesmaeker
Madame Mireille Elsen
Här René Friederici
Madame Liane Kadusch-Roth
Här Jean-Paul Schaaf
Madame Josée Thill
Madame Gaby Weiler
Den Exekutivbüro vun der ala setzt sech wéi folgend zesummen:
Dir hutt Froen zum Thema Alzheimer oder Demenz? Dir wëllt Iech informéieren, diskutéieren an Iech mat anere Familljememberen iwwer hir Erfarungen am Ëmgang mat Demenz austauschen? Dat Ganzt ouni Rendez-vous an ouni Äert Haus ze verloossen?
Da kommt an eisen Alzheimer Webcafé! Mat engem Klick kënnt Dir Iech connectéieren a kommunizéieren. Eise Berodungsdéngscht steet Iech natierlech och mat guddem Rot zur Säit.
Mir ginn Iech Rendez-vous fir déi 2. Editioun via Zoom e Mëttwoch den 30. Juni 2021 vu 15.00 bis 17.00 Auer.
2020 konnt d’Marche gourmande, déi de Lions Club Mameranus all Joer mat der Belle Etoile organiséiert, leider net stattfannen. De Lions Club huet awer decidéiert der ala e ganz generéisen Don vu 5.000 € ze maachen. D’Scheckiwwerreechung huet e Samschdeg, den 29. Mee, op der Place d’Armes stattfonnt. Den Här Denis Mancini vum Directoire vun der ala huet de Scheck entgéintgeholl. Mir soen dem Lions Club Mameranus vu ganzem Häerz e grousse Merci!
D’Ausbauaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng un der Sauer lafe weiderhin op Héichtouren.
Och an der neier Extensioun, déi 36 zousätzlech Plaze soll schafen, wäerte mir eisem aktuelle Begleedungskonzept trei bleiwen a vill Wäert leeën op en Ëmfeld wat un d’Besoine vun de Betraffenen ugepasst ass. D’Wuelbefannen, d’Sécherheet an d’Selbstbestëmmung an engem agreabele Kader spillen heibäi eng grouss Roll.
Mee éier mir déi éischt Leit kënnen empfänken, profitéiere mir nach vum Grand Canyon virun eiser Dier.