Alzheimer Webcafé – 30. Juni vu 15.00 bis 17.00 Auer
![](https://ala.lu/wp-content/uploads/2021/03/Screenshot-Webcafe.png)
Dir hutt Froen zum Thema Alzheimer oder Demenz?
Dir wëllt Iech informéieren, diskutéieren an Iech mat anere Familljememberen iwwer hir Erfarungen am Ëmgang mat Demenz austauschen?
Dat Ganzt ouni Rendez-vous an ouni Äert Haus ze verloossen?
Da kommt an eisen Alzheimer Webcafé! Mat engem Klick kënnt Dir Iech connectéieren a kommunizéieren. Eise Berodungsdéngscht steet Iech natierlech och mat guddem Rot zur Säit.
Mir ginn Iech Rendez-vous fir déi 2. Editioun via Zoom
e Mëttwoch den 30. Juni 2021 vu 15.00 bis 17.00 Auer.
Fir Iech ze connectéieren, braucht Dir just op dëse Link ze klicken:
https://zoom.us/j/98973375594?pwd=RURtdjVnYnhqKy94NSs2b3ZlY2d0Zz09
Dir braucht Iech net virdrun unzemelden.