Posts Categorized: ALA

Vortrag Psychische Veränderungen und Demenz bei Bewohnern von Pflegeheimen


Dienstag, der 14. September 2021
von 17.00 – 19.00 Uhr

Im Wohn- und Pflegeheim „Beim Goldknapp”
8, Gruefwee | L-9147 Erpeldingen/Sauer

Thema
„Psychische Veränderungen und Demenz bei Bewohnern von Pflegeheimen”

Diese Themenrunde ist auch Einführungsvortrag des folgenden Schulungsprogramms EduKation Pflegeheim®

Organisiert vom psychosozialen Dienst der ala

Moderatorin: Isabelle Nieder

Sprache: Deutsch & Luxemburgisch

Die Teilnahme an dieser Themenrunde ist kostenlos

Bitte anmelden unter der Telefonnummer 26 007-1
www.alzheimer.lu | info@alzheimer.lu
T. 26 007-1

Update: Vergréisserungsaarbechten vum Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp »

Klengen Update vun den Ausbauaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng virum Kollektiv-Congé. Et geet gutt virun! No der wuelverdéngter Summerpaus geet et dann erëm den 23. August lass mat den Aarbechten.

Neie Parking zu Ierpeldeng « Beim Goldknapp »

De Parking hannert dem Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng ass fäerdeg! En ass net nëmme ganz schéin, mee en ass och extreem praktesch an e bitt vill Plaz fir eis Visiteuren an eist Personal.

Den neie Verwaltungsrot vun der ala

De 17. Juni 2021 huet d’Assemblée générale vun der ala am Wunn- a Fleegheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng stattfonnt. Véier Mandater sinn 2021 ofgelaf a fënnef Leit hunn hir Kandidatur gestallt. Et hunn also misse Walen organiséiert ginn.

De Verwaltungsrot vun der ala setzt sech elo wéi folgend zesummen:

Presidentin: Madame Dr. Carine Federspiel

Vizepresident: Här Marc Schaefer

Generalsekretär: Här Dr. Jean Jacquemart

Tresorier: Här Jules Geisen

Memberen:

Här Daniel Baulisch

Madame Chantal De Mesmaeker

Madame Mireille Elsen

Här René Friederici

Madame Liane Kadusch-Roth

Här Jean-Paul Schaaf

Madame Josée Thill

Madame Gaby Weiler

Den Exekutivbüro vun der ala setzt sech wéi folgend zesummen:

Madame Dr. Carine Federspiel, Presidentin

Här Marc Schaefer, Vizepresident

Här Dr. Jean Jacquemart, Generalsekretär

Här Jules Geisen, Tresorier

Här René Friederici, Member vum Verwaltungsrot

Madame Lydie Diederich, Directoire vun der ala

Här Denis Mancini, Directoire vun der ala

Exekutivbüro vun der ala

Alzheimer Webcafé – 30. Juni vu 15.00 bis 17.00 Auer

Dir hutt Froen zum Thema Alzheimer oder Demenz?
Dir wëllt Iech informéieren, diskutéieren an Iech mat anere Famillje­memberen iwwer hir Erfarungen am Ëmgang mat Demenz austauschen?
Dat Ganzt ouni Rendez-vous an ouni Äert Haus ze verloossen?

Da kommt an eisen Alzheimer Webcafé! Mat engem Klick kënnt Dir Iech connectéieren a kommunizéieren. Eise Berodungsdéngscht steet Iech natierlech och mat guddem Rot zur Säit.

Mir ginn Iech Rendez-vous fir déi 2. Editioun via Zoom
e Mëttwoch den 30. Juni 2021 vu 15.00 bis 17.00 Auer.

Fir Iech ze connectéieren, braucht Dir just op dëse Link ze klicken:
https://zoom.us/j/98973375594?pwd=RURtdjVnYnhqKy94NSs2b3ZlY2d0Zz09

Dir braucht Iech net virdrun unzemelden.

Scheckiwwerreechung vum Lions Club Mameranus

2020 konnt d’Marche gourmande, déi de Lions Club Mameranus all Joer mat der Belle Etoile organiséiert, leider net stattfannen. De Lions Club huet awer decidéiert der ala e ganz generéisen Don vu 5.000 € ze maachen. D’Scheckiwwerreechung huet e Samschdeg, den 29. Mee, op der Place d’Armes stattfonnt. Den Här Denis Mancini vum Directoire vun der ala huet de Scheck entgéintgeholl. Mir soen dem Lions Club Mameranus vu ganzem Häerz e grousse Merci!

Update: Vergréisserungsaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp »

D’Ausbauaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng un der Sauer lafe weiderhin op Héichtouren.

Och an der neier Extensioun, déi 36 zousätzlech Plaze soll schafen, wäerte mir eisem aktuelle Begleedungskonzept trei bleiwen a vill Wäert leeën op en Ëmfeld wat un d’Besoine vun de Betraffenen ugepasst ass. D’Wuelbefannen, d’Sécherheet an d’Selbstbestëmmung an engem agreabele Kader spillen heibäi eng grouss Roll.

Mee éier mir déi éischt Leit kënnen empfänken, profitéiere mir nach vum Grand Canyon virun eiser Dier.

D’Dokteren ënnerschreiwe Kollaboratiounskonventioun « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng

A Präsens vun der Mme Lydie Diederich, Directrice Laangzäitstrukturen, an der Mme Michèle Halsdorf, Direktiounsbeoptraagt, hunn d’Dokteren aus dem Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » e Mëttwoch, den 12. Mee, en « Accord de collaboration » zu Ierpeldeng ënnerschriwwen. Mir soen hinnen e grousse Merci fir hiert Engagement a freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht.

Vergréisserungsaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp »

D’Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ huet seng Dieren 2007 zu Ierpeldeng opgemaach. Zimmlech séier war et kloer, dass d’Nofro no esou enger spezialiséierter Struktur fir Mënsche mat enger Demenz immens grouss war. Haut, 14 Joer méi spéit, ass et esouwäit: d’Wunn- a Fleegeheem gëtt vergréissert an d’Ausbauaarbechte lafen op Héichtouren. Déi nei Struktur soll zukünfteg 36 zousätzlech Plaze schafe fir Persoune mat enger Demenz. Déi 36 Bewunner ginn an 3 Wunnunitéite betreit vu jeeweils 12 Plazen an dat verdeelt op 3 Stäck.

De nouveaux minibus pour l’ala

Monsieur Denis Mancini, Membre du Directoire de l’ala, a pris livraison de 4 nouveaux VW Crafter en présence de représentants du Garage Losch et d’ALD Automotive. Trois minibus sont destinés aux foyers de Dommeldange, Bonnevoie et Esch-sur-Alzette et un bus est pour la Maison de séjour et de soins „Beim Goldknapp” à Erpeldange-sur-Sûre. Les nouveaux bus ont été transformés tout spécialement afin d’offrir encore davantage de confort et de sécurité aux clients et aux résidents.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom