Posts Categorized: ALA

25.1.2021 Impfdag am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng

E Méindeg, de 25. Januar 2021 war Impfdag am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng. Moies kruten d‘Bewunner d’Covid-19-Impfung a mëttes war et um Personal.

Méi wéi 90 % vun de Bewunner hu sech impfe gelooss. Bei de Mataarbechter hate sech 89 Leit ageschriwwen an am Dezember ware schonn 30 Personalmembere geimpft ginn. Alles huet tipptopp geklappt an et war flott déi vill Leit mat engem Laachen am Gesiicht ze gesinn.

Mir wollten eisen Dokteren, ënnert der Leedung vum Coordinateur, dem Här Dr Jacquemart, och e grousse Merci soen fir hiren Asaz an hir Disponibilitéit.

Der „Familljekrees“ findet im Januar online statt

Im Januar 2021 findet unsere Gesprächsgruppe „Familljekrees“ online statt. Die Gruppe wird durch den psychologischen Dienst der ala begleitet.

Der erste „Familljekrees“ des Jahres findet am Dienstag, dem 12. Januar von 16.00 bis 17.00 Uhr statt. Wenn Sie zusätzliche Informationen wünschen oder sich anmelden möchten, dann schicken Sie bitte eine E-Mail an:

hildegard.schmitt@alzheimer.lu

Weihnachtswünsche

E grousse Merci un d’Primärschoul vun Ierpeldeng

D’Primärschoul vun Ierpeldeng huet dëst Joer erëm schéi Chrëschtdekoratioune fir de Beemchen am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ gebastelt. Mir soen hinnen e grousse Merci!

Festlech dekoréiert Foyere

Mir huelen Iech mat fir eng kleng Visitt vun de festlech dekoréierte Foyere vun der ala. It starts to look a lot like Christmas…

Dir hutt Är Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz gewisen a mir soen Iech Merci!

Dir hutt eis ganz vill flott Fotoen erageschéckt. Hei fannt Dir d’Fotosgalerie vun eiser Aktioun #memorystay2020, déi virtuell Editioun vun eisem Memory Walk. Mir hoffen Iech d’nächst Joer erëm op der Place Clairefontaine begréissen ze kënnen.

Artikel aus dem Journal

Demenz, kommt mir schwätzen driwwer – De Video

Memory Stay 2020

2020: ein Memory Stay anstatt eines Memory Walks

Wegen der Pandemie und da dieses Jahr keine großen Versammlungen stattfinden können, haben wir beschlossen unseren traditionellen Memory Walk auf der Place Clairefontaine zu stornieren. Da wir nicht spazieren gehen können, um unsere Solidarität mit den Menschen mit Demenz zu zeigen, haben wir beschlossen die Menschen von Zuhause aus zu unterstützen durch die Aktion Memory Stay. Die Edition 2020 des Memory Walks wird also virtuell.

Aus was besteht diese virtuelle Edition?

Dieses Jahr bitten wir die Leute den Aufkleber « Demenz, kommt mir schwätzen driwwer – 21. September 2020 – Welt-Alzheimerdag » zu tragen und uns ihre Fotos zu schicken, die wir dann auf unserer Facebook-Seite und unserer Webseite veröffentlichen.

Das Ziel ist es die Leute dazu anzuspornen sich solidarisch mit den Menschen mit Demenz zu zeigen. Ein Hashtag wurde auch zu dem Anlass kreiert: #memorystay2020.

Thema des Jahres – Demenz, kommt wir reden darüber.

Um das Tabu zu brechen, muss man über eine Krankheit sprechen. Je informierter die Öffentlichkeit ist, desto verständnisvoller ist sie. Unsere Gesellschaft muss offener, respektvoller und toleranter gegenüber Menschen mit Demenz sein. Diese Menschen und ihre Angehörigen müssen das Gefühl haben, akzeptiert zu werden und trotz der Krankheit ein integraler Bestandteil der Gesellschaft zu sein.

Trauerronn ëm Mënsche mat Demenz

Dir trauert ëm e Mënsch mat Demenz? An dëser Trauerronn hutt Dir d’Méiglechkeet iwwer Är Trauer ze schwätzen an Iech mat Leit an enger änlecher Liewenssituatioun auszetauschen.

Et ass een Uert fir nozelauschteren a gehéiert ze ginn.
Mir uechte géigesäiteg op Diskretioun.

Den offene Gedanken- an Erfarungsaustausch an dëser Ronn versicht Betraffener an hirer Trauer ze ënnerstëtzen an Impulser fir den Ëmgang mat der neier Situatioun ze ginn.

D’Trauerronn bitt sech un, wann Dir mat Ärer Trauer net eleng wëllt bleiwen.

Terminer:

19.03.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

28.04.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

15.06.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

28.07.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

08.09.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

19.11.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

Leedung:
Isabelle Nieder, Assistante sociale, Systemesch Familljeberoderin

Uert:
Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp”
8, Gruefwee | L-9147 Ierpeldeng/Sauer

D’Participatioun un der Trauerronn ass gratis.
Wann Dir Froen hutt oder wëllt un der Trauerronn deelhuelen, da mellt Iech gären ënnert der Nummer 26 007-1.

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen