ALA 14.05.2021

D’Dokteren ënnerschreiwe Kollaboratiounskonventioun „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng

A Präsens vun der Mme Lydie Diederich, Directrice Laangzäitstrukturen, an der Mme Michèle Halsdorf, Direktiounsbeoptraagt, hunn d’Dokteren aus dem Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » e Mëttwoch, den 12. Mee, en « Accord de collaboration » zu Ierpeldeng ënnerschriwwen. Mir soen hinnen e grousse Merci fir hiert Engagement a freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht.