ALA 28.05.2021

Update: Vergréisserungsaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp »

D’Ausbauaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng un der Sauer lafe weiderhin op Héichtouren.

Och an der neier Extensioun, déi 36 zousätzlech Plaze soll schafen, wäerte mir eisem aktuelle Begleedungskonzept trei bleiwen a vill Wäert leeën op en Ëmfeld wat un d’Besoine vun de Betraffenen ugepasst ass. D’Wuelbefannen, d’Sécherheet an d’Selbstbestëmmung an engem agreabele Kader spillen heibäi eng grouss Roll.

Mee éier mir déi éischt Leit kënnen empfänken, profitéiere mir nach vum Grand Canyon virun eiser Dier.