Den 11. Januar 2022 hat d’Kulturkommissioun aus der Gemeng Géisdref an de Festsall invitéiert fir der ala e Scheck fir de Foyer „Gënzegold” vun Dol ze iwwerreechen. Dëse war d’Resultat vun der Glühwäinspendeaktioun wärend där sech d’Leit ganz spendabel gewisen hunn. D’Madame Cindy Hansen, Responsabel vum Foyer Dol, an den Här Denis Mancini, Member vum Directoire vun der ala, hunn de Scheck entgéintgeholl. Mir soen e ganz grousse Merci!
Posts Categorized: ALA
E grousse Merci der Banque Raiffeisen fir dee generéise Scheck
Am Kader vun der traditioneller Remise de dons, hunn d’Banque Raiffeisen an hir Membere verschiddenen Associatiounen, dorënner och der Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer, en Don an Héicht vu 5.000 € iwwerreecht. Den Här Mancini, Member vum Directoire vun der ala, an den Här Schmetz, Responsabel vum Finanzservice, hunn de Scheck vun der Mme Alonso entgéintgeholl. Mir soen e ganz grousse Merci fir dee generéisen Don.
Méi Informatioune fannt Dir hei: https://bit.ly/3AiBzEX
Update: Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“
Zu Ierpeldeng un der Sauer geet et gutt viru mat de Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“. Um Rez-de-chaussée erkennt ee scho ganz kloer d’Struktur an d’Opdeelung vun engem Wunnberäich. Mat e bësse Fantasie kann ee sech virstellen wéi d’Extensioun spéider ausgesäit.








Visitt um Chantier zu Ierpeldeng
Visitt vum Chantier vum Wunn- a Fleegeheem “Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng mat Geprolux a Vertrieder vum Familljeministère.




Memory Walk op der Place de l’Europe de 25. September 2021
Dëst Joer huet eisen 20. Memory Walk op der Place de l’Europe um Kierchbierg stattfonnt. No der Corona-Paus vum leschte Joer ware mir frou eisen 20. Gebuertsdag mat Publikum kënnen ze feieren.
De Memory Walk, deen ënnert dem Zeeche vum CovidCheck stoung, hat awer eng ganz Rei Interesséierter ugezunn. D’Leit konnte sech op den Infostänn iwwert Alzheimer an déi aner Demenzformen informéieren, eppes Klenges iessen, e Pättchen huelen, hir Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz weisen andeems si de Memory Walk matgaang sinn an e flotte musikalesche Moment verbrénge beim Concert vum Serge Tonnar.
D’Thema vum Memory Walk 2021 war „Demenz: Sidd opmierksam”. Wann d’Diagnos Demenz gestallt gëtt, gesi mir meeschtens nëmme méi d’Krankheet amplaz vun der Persoun. Awer Leit mat Demenz hu Fäegkeeten, wëllen involvéiert sinn a wëllen aktiv matmaachen. Fir dass d’Leit mat Demenz un der Gesellschaft deelhuele kënnen, ass et wichteg méi opmierksam ze sinn: méi lues ze schwätzen, Aekontakt ze sichen, einfach Wierder ze wielen, Gedold ze hunn. Leit mat Demenz an hir Famill solle spieren, dass si trotz der Krankheet derzougehéieren.
Mir wëllen op dëser Plaz och alle Benevollen e grousse Merci fir hiren Asaz soen. Ouni si wier dëst Evenement net méiglech.




















Merci fir Är Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz
D’lescht Joer, wéi mir net konnte „walken” wéngst der Corona-Pandemie, hate mir eng virtuell Editioun vun eisem Memory Walk an d’Liewe geruff wou d’Leit hir Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz konnten duerch en Autocollant konnten ausdrécken. Well dës Aktioun e grousse Succès hat, hu mir dat nach eng Kéier gemaach.
An och dëst Joer hu vill Leit hir Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz ausgedréckt a mir krute mir vill Fotoe mam Sticker „Demenz – Ech si solidaresch“ erageschéckt. Hei eis Fotosgalerie.





































































20. Memory Walk
Der Memory Walk ist ein internationales Ereignis der Alzheimervereinigungen, das dieses Jahr am 25. September unter Einhaltung der sanitären Vorschriften stattfinden wird. Die
Aktion hat zum Ziel, die Öffentlichkeit zu informieren und zu sensibilisieren. Die ala organisiert seit 2002 einen Memory Walk in Luxemburg und beteiligt sich so an diesem weltweiten Ereignis. Dieses Jahr ist es also unser 20. Memory Walk. Ein schöner, runder Geburtstag, der auch dieses Jahr wieder all jene Menschen zusammenbringen wird, die an einer solchen Solidaritätsbekundung teilhaben möchten.
Samstag, den 25. September 2021 – Place de l’Europe, Kirchberg
Von 11.00 bis 17.00 Uhr heißen wir Sie herzlich willkommen auf der Place de l’Europe in Luxemburg-Kirchberg und informieren Sie an unseren Ständen über die Dienstleistungen der ala sowie über die Alzheimer-Krankheit und andere Formen der Demenz. In entspannter Atmosphäre eröffnet sich Raum für Begegnungen und Austausch.
Unterhaltung
14.30–16.00 Uhr: Konzert von Serge Tonnar
13.00, 14.30, 15.30 Uhr: Beginn der Touren
Essen und Getränke vor Ort unter Einhaltung der Hygienemaßnahmen
Thema des Jahres – Demenz, genau hinsehen
Wird die Diagnose Demenz gestellt, sehen wir manchmal statt des Menschen nur noch die Krankheit. Doch Menschen mit Demenz verfügen über Fähigkeiten, wollen mit einbezogen werden, wollen sich aktiv einbringen. Damit Menschen mit Demenz teilhaben können, heißt es genau hinsehen: langsamer reden, Blickkontakt suchen, einfache Worte wählen, geduldig sein. Menschen mit Demenz und ihre Angehörigen sollen fühlen, dass sie trotz der Erkrankung akzeptiert werden und dazugehören.
Der Walk
Die Touren starten wahlweise um 13.00, 14.30 oder 15.30 Uhr auf der Place de l’Europe in Luxemburg-Kirchberg. Von da aus geht es, vorbei am Mudam, zum Fort Thüngen, auch bekannt als „Drei Eicheln“. Vor dem Museum genießen die Teilnehmer eine wunderschöne Aussicht über die Altstadt und die Festung. Auf dem Rückweg zur Place de l’Europe können sie ebenfalls von einer schönen Aussicht über Clausen profitieren.
Jede Tour dauert 30–40 Minuten und ist zugänglich für Personen mit eingeschränkter Mobilität.
Ich nehme am Memory Walk teil
Evenementer am Kader vum Welt-Alzheimerdag
D’ala invitéiert Iech dëst Joer erëm op säi Memory Walk. Säin 20. Memory Walk fir genau ze sinn. Dëse fënnt de 25. September 2021 an der Stad statt.
De Memory Walk ass eent vun dräi Evenementer, déi dëst Joer am Kader vum Welt-Alzheimerdag mam Info-Zenter Demenz an der Momenter intensiv liewen – Mil asbl organiséiert ginn.
Update 17. August 2021! Zusätzliche Impfkampagne für alle Berufsgruppen, die Kontakt zu gefährdeten Personen haben
Um den Personen aus dem Gesundheits-, Sozial- und Pflegesektor eine zusätzliche Möglichkeit zu bieten sich impfen zu lassen, haben das Gesundheits- und Familienministerium Wanderbusse mit mobilen Impfteams vorgesehen. Diese erlauben den Berufsgruppen, die in Kontakt mit gefährdeten Menschen sind, sich ohne vorherige administrative Verfahren und ohne Termin in verschiedenen Impfstellen im Land zwischen dem 28. Juli 2021 und dem 10. August 2021 impfen zu lassen. Der Impfbus war am 28. Juli 2021 zum ersten Mal im Wohn- und Pflegeheim „Beim Goldknapp“ in Erpeldingen.
Der Impfbus wird am 25. August von 9.00 bis 12.00 Uhr im Wohn- und Pflegeheim „Beim Goldknapp“ in Erpeldingen sein
Wir informieren Sie, dass ungeimpfte Personen die Möglichkeit haben eine erste Injektion zu erhalten. Allerdings müssen sie ihre 2. Impfung selbst organisieren. Diesen Menschen stehen mehrere Möglichkeiten zur Verfügung:
- entweder durch freiberufliche Ärzte,
- über die Hotline zur Terminvereinbarung im Impfzentrum,
- im Impfzentrum Victor Hugo in der Warteschlange ohne Termin vom Montag, dem 16. August an.