ALA 27.09.2021

Memory Walk op der Place de l’Europe de 25. September 2021

Dëst Joer huet eisen 20. Memory Walk op der Place de l’Europe um Kierchbierg stattfonnt. No der Corona-Paus vum leschte Joer ware mir frou eisen 20. Gebuertsdag mat Publikum kënnen ze feieren.

De Memory Walk, deen ënnert dem Zeeche vum CovidCheck stoung, hat awer eng ganz Rei Interesséierter ugezunn. D’Leit konnte sech op den Infostänn iwwert Alzheimer an déi aner Demenzformen informéieren, eppes Klenges iessen, e Pättchen huelen, hir Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz weisen andeems si de Memory Walk mat­gaang sinn an e flotte musikalesche Moment ver­brénge beim Concert vum Serge Tonnar.

D’Thema vum Memory Walk 2021 war „Demenz: Sidd opmierksam”. Wann d’Diagnos Demenz gestallt gëtt, gesi mir meeschtens nëmme m­éi d’Krankheet amplaz vun der Persoun. Awer Leit mat Demenz hu Fäegkeeten, wëllen involvéiert sinn a wëllen aktiv matmaachen. Fir dass d’Leit mat Demenz un der Gesellschaft deelhuele kënnen, ass et wichteg méi opmierksam ze sinn: méi lues ze schwätzen, Aekontakt ze sichen, einfach Wierder ze wielen, Gedold ze hunn. Leit mat Demenz an hir Famill solle spieren, dass si trotz der Krankheet derzougehéieren.

Mir wëllen op dëser Plaz och alle Benevollen e grousse Merci fir hiren Asaz soen. Ouni si wier dëst Evenement net méiglech.