ALA 03.12.2021

Update: Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

Zu Ierpeldeng un der Sauer geet et gutt viru mat de Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“. Um Rez-de-chaussée erkennt ee scho ganz kloer d’Struktur an d’Opdeelung vun engem Wunnberäich. Mat e bësse Fantasie kann ee sech virstellen wéi d’Extensioun spéider ausgesäit.