ALA 26.01.2022

E grousse Merci der Banque Raiffeisen fir dee generéise Scheck

Am Kader vun der traditioneller Remise de dons, hunn d’Banque Raiffeisen an hir Membere verschiddenen Associatiounen, dorënner och der Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer, en Don an Héicht vu 5.000 € iwwerreecht. Den Här Mancini, Member vum Directoire vun der ala, an den Här Schmetz, Responsabel vum Finanzservice, hunn de Scheck vun der Mme Alonso entgéintgeholl. Mir soen e ganz grousse Merci fir dee generéisen Don.

Méi Informatioune fannt Dir hei: https://bit.ly/3AiBzEX