De Parking hannert dem Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng ass fäerdeg! En ass net nëmme ganz schéin, mee en ass och extreem praktesch an e bitt vill Plaz fir eis Visiteuren an eist Personal.




De Parking hannert dem Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng ass fäerdeg! En ass net nëmme ganz schéin, mee en ass och extreem praktesch an e bitt vill Plaz fir eis Visiteuren an eist Personal.




De 17. Juni 2021 huet d’Assemblée générale vun der ala am Wunn- a Fleegheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng stattfonnt. Véier Mandater sinn 2021 ofgelaf a fënnef Leit hunn hir Kandidatur gestallt. Et hunn also misse Walen organiséiert ginn.
De Verwaltungsrot vun der ala setzt sech elo wéi folgend zesummen:
Presidentin: Madame Dr. Carine Federspiel
Vizepresident: Här Marc Schaefer
Generalsekretär: Här Dr. Jean Jacquemart
Tresorier: Här Jules Geisen
Memberen:
Här Daniel Baulisch
Madame Chantal De Mesmaeker
Madame Mireille Elsen
Här René Friederici
Madame Liane Kadusch-Roth
Här Jean-Paul Schaaf
Madame Josée Thill
Madame Gaby Weiler
Den Exekutivbüro vun der ala setzt sech wéi folgend zesummen:
Madame Dr. Carine Federspiel, Presidentin
Här Marc Schaefer, Vizepresident
Här Dr. Jean Jacquemart, Generalsekretär
Här Jules Geisen, Tresorier
Här René Friederici, Member vum Verwaltungsrot
Madame Lydie Diederich, Directoire vun der ala
Här Denis Mancini, Directoire vun der ala

Dir hutt Froen zum Thema Alzheimer oder Demenz?
Dir wëllt Iech informéieren, diskutéieren an Iech mat anere Familljememberen iwwer hir Erfarungen am Ëmgang mat Demenz austauschen?
Dat Ganzt ouni Rendez-vous an ouni Äert Haus ze verloossen?
Da kommt an eisen Alzheimer Webcafé! Mat engem Klick kënnt Dir Iech connectéieren a kommunizéieren. Eise Berodungsdéngscht steet Iech natierlech och mat guddem Rot zur Säit.
Mir ginn Iech Rendez-vous fir déi 3. Editioun via Zoom
e Mëttwoch den 30. Juni 2021 vu 15.00 bis 17.00 Auer.
Fir Iech ze connectéieren, braucht Dir just op dëse Link ze klicken:
https://zoom.us/j/96416981038?pwd=aGoza0xMdERlL0x6OTI4bTY1ajNCZz09
Dir braucht Iech net virdrun unzemelden..
2020 konnt d’Marche gourmande, déi de Lions Club Mameranus all Joer mat der Belle Etoile organiséiert, leider net stattfannen. De Lions Club huet awer decidéiert der ala e ganz generéisen Don vu 5.000 € ze maachen. D’Scheckiwwerreechung huet e Samschdeg, den 29. Mee, op der Place d’Armes stattfonnt. Den Här Denis Mancini vum Directoire vun der ala huet de Scheck entgéintgeholl. Mir soen dem Lions Club Mameranus vu ganzem Häerz e grousse Merci!

D’Ausbauaarbechten am Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng un der Sauer lafe weiderhin op Héichtouren.
Och an der neier Extensioun, déi 36 zousätzlech Plaze soll schafen, wäerte mir eisem aktuelle Begleedungskonzept trei bleiwen a vill Wäert leeën op en Ëmfeld wat un d’Besoine vun de Betraffenen ugepasst ass. D’Wuelbefannen, d’Sécherheet an d’Selbstbestëmmung an engem agreabele Kader spillen heibäi eng grouss Roll.
Mee éier mir déi éischt Leit kënnen empfänken, profitéiere mir nach vum Grand Canyon virun eiser Dier.










A Präsens vun der Mme Lydie Diederich, Directrice Laangzäitstrukturen, an der Mme Michèle Halsdorf, Direktiounsbeoptraagt, hunn d’Dokteren aus dem Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » e Mëttwoch, den 12. Mee, en « Accord de collaboration » zu Ierpeldeng ënnerschriwwen. Mir soen hinnen e grousse Merci fir hiert Engagement a freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht.






D’Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ huet seng Dieren 2007 zu Ierpeldeng opgemaach. Zimmlech séier war et kloer, dass d’Nofro no esou enger spezialiséierter Struktur fir Mënsche mat enger Demenz immens grouss war. Haut, 14 Joer méi spéit, ass et esouwäit: d’Wunn- a Fleegeheem gëtt vergréissert an d’Ausbauaarbechte lafen op Héichtouren. Déi nei Struktur soll zukünfteg 36 zousätzlech Plaze schafe fir Persoune mat enger Demenz. Déi 36 Bewunner ginn an 3 Wunnunitéite betreit vu jeeweils 12 Plazen an dat verdeelt op 3 Stäck.




Herr Denis Mancini, Mitglied des Direktoriums der ala, hat 4 neue VW Crafter in Empfang genommen in Präsenz von Vertretern des Garage Losch und von ALD Automotive. Drei Minibusse sind für die Tagesstätten in Dommeldingen, Bonneweg und Esch an der Alzette bestimmt und ein Bus für das Wohn- und Pflegeheim „Beim Goldknapp” in Erpeldingen/Sauer. Die neuen Busse wurden extra umgebaut, um den Tagesgästen und Bewohnern noch mehr Komfort und Sicherheit zu bieten.






Der Dementia Monitor 2020 von Alzheimer Europe bietet einen umfassenden Überblick über Länder in ganz Europa und beschreibt deren Antworten auf die Demenz in 10 Bereichen, einschließlich Pflege- und Unterstützungsdienste, Teilnahme an europäischer Forschung, politische Triebkräfte und Rechtsschutz. Der Bericht wurde von Alzheimer Europe in Zusammenarbeit mit den nationalen Mitgliedsverbänden entwickelt, darunter auch die Association Luxembourg Alzheimer.
E puer Impressioune vum 2. Impfdag am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng, wou d’Bewunner an d’Mataarbechter vun der ala hunn hir 2. Impfdosis géint de Coronavirus kritt hunn.






