Posts Categorized: ALA

Permanence vun der ala – Dënschdes vun 9.00 bis 13.00 Auer an der Maison médicale zu Wëntger

Maison médicale | 43, Haaptstrooss | L-9780 Wëntger

E Basisverständnis vun Demenz reduzéiert d’Onsécherheet vun de Betraffenen an hire Familljen. Wärend eiser Permanence steet Iech eise Sozial- a Koordinatiounsdéngscht mat Rot an Dot zur Säit.

  • Dir kritt Informatiounen iwwer d’Krankheet, d’Symptomer an d’Ënnerstëtzungsofferen (Hëllefsdéngschter doheem, Dagesfleeg …).
  • Dir kritt Hëllef bei der Entlaaschtung vun de Familljememberen.
  • Mir hëllefen Iech bei der Organisatioun a Koordinatioun vun den Hëllefsofferen am Kader vun der Fleegeversécherung.
  • Mir bidden Hëllef an Ënnerstëtzung bei administrativen Aufgaben.
  • Mir kënnen eng individuell ugepasste Léisung mat Iech zesummen ausschaffen.

Dir wëllt méi Informatiounen oder Rendez-vous huele fir e perséinlecht Berodungsge­spréich? Da rufft eis un op der Nummer
26 007-1.

D’ala um Dag vum 3. Alter

E Samschdeg, de 14. Mee 2022 ass d’ala present mat engem Infostand zu Waasserbëlleg am Centre Culturel um Dag vum 3. Alter. Kommt Iech informéieren!

Semaines de sensibilisation de la Ville de Luxembourg du 23 avril au 2 juin 2022

Mieux connaître les personnes à besoins spécifiques

Nous avons le plaisir de vous présenter le programme de la 9e édition des semaines de sensibilisation de le Ville de Luxembourg.

En annexe, vous trouverez toutes les informations sur les actions ainsi que sur les possibilités d’inscription.

Au grand théâtre de la Ville de Luxembourg aura lieu une exposition de l’atelier d’art de l’ala du 25 avril au 19 mai 2022.

Dementia in Europe Yearbook 2021 d’Alzheimer Europe

Cette édition du Yearbook d’Alzheimer Europe examine les initiatives ainsi que les communautés inclusives pour les personnes atteintes de démence, y compris les exemples de bonne pratique et les ressources de toute l’Europe.

23/2/2022 Info-Nomëtteg zum Thema­ „Gesetzliche Schutzmaßnahmen”

E Mëttwoch den 23. Februar vu 14.30-17.00 Auer fënnt am Escher BIBSS en Info-Nomëtteg statt zum Thema­ „Gesetzliche Schutzmaßnahmen” mam Isabelle Nieder vum psychosozialen Déngscht vun der ala.

Umelde kënnt Dir Iech am BiBSS:
24, Rue Louis Pasteur
L-4276 Esch-Uelzecht­
Telefon: 27 54 22 10

Update: Vergréisserungsaarbechten zu Ierpeldeng « Beim Goldknapp »

D’Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng gi gutt virun!


Um Rez-de-chaussée erkennt ee schonn däitlech déi verschidde Wunnraim an d’Mauere vum 1. an 2. Stack wuessen och vun Dag zu Dag.

E grousse Merci der Kulturkommissioun vun der Gemeng Géisdref

Den 11. Januar 2022 hat d’Kulturkommissioun aus der Gemeng Géisdref an de Festsall invitéiert fir der ala e Scheck fir de Foyer „Gënzegold” vun Dol ze iwwerreechen. Dëse war d’Resultat vun der Glühwäinspendeaktioun wärend där sech d’Leit ganz spendabel gewisen hunn. D’Madame Cindy Hansen, Responsabel vum Foyer Dol, an den Här Denis Mancini, Member vum Directoire vun der ala, hunn de Scheck entgéintgeholl. Mir soen e ganz grousse Merci!

E grousse Merci der Banque Raiffeisen fir dee generéise Scheck

Am Kader vun der traditioneller Remise de dons, hunn d’Banque Raiffeisen an hir Membere verschiddenen Associatiounen, dorënner och der Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer, en Don an Héicht vu 5.000 € iwwerreecht. Den Här Mancini, Member vum Directoire vun der ala, an den Här Schmetz, Responsabel vum Finanzservice, hunn de Scheck vun der Mme Alonso entgéintgeholl. Mir soen e ganz grousse Merci fir dee generéisen Don.

Méi Informatioune fannt Dir hei: https://bit.ly/3AiBzEX

Update: Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp »

Zu Ierpeldeng un der Sauer geet et gutt viru mat de Vergréisserungsaarbechte vum Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp ». Um Rez-de-chaussée erkennt ee scho ganz kloer d’Struktur an d’Opdeelung vun engem Wunnberäich. Mat e bësse Fantasie kann ee sech virstellen wéi d’Extensioun spéider ausgesäit.

Visitt um Chantier zu Ierpeldeng

Visitt vum Chantier vum Wunn- a Fleegeheem “Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng mat Geprolux a Vertrieder vum Familljeministère.