ALA 01.02.2023

Ee Bléck hannert d’Kulissen: D’ala invitéiert op hir Visitt fir Professioneller

  • Du schaffs gäre mat Mënsche mat enger Demenz?
  • Du wëlls d’Servicer vun der ala kenne léieren?
  • Du wëlls dech mat Leit vum Terrain austauschen an den Terrain „live” erliewen?

Da komm op d’Visitt fir Professioneller aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur den 13. Mee 2023 vun 9.30 bis 12.00 Auer an d’Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ 8, Gruefwee L-9147 Ierpeldeng un der Sauer.

Umelde kanns Du dech bis den 10. Mee 2023 andeems Du dëse Formulaire ausfëlls.

Visitt "Beim Goldknapp"

Heimat melden ech mech un fir d’Visitt fir Professioneller de 13. Mee 2023 vun 9.30 bis 12.00 Auer am Wunn- a Fleegheem „Beim Goldknapp“.