ALA 07.05.2021

Vergréisserungsaarbechten am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

D’Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ huet seng Dieren 2007 zu Ierpeldeng opgemaach. Zimmlech séier war et kloer, dass d’Nofro no esou enger spezialiséierter Struktur fir Mënsche mat enger Demenz immens grouss war. Haut, 14 Joer méi spéit, ass et esouwäit: d’Wunn- a Fleegeheem gëtt vergréissert an d’Ausbauaarbechte lafen op Héichtouren. Déi nei Struktur soll zukünfteg 36 zousätzlech Plaze schafe fir Persoune mat enger Demenz. Déi 36 Bewunner ginn an 3 Wunnunitéite betreit vu jeeweils 12 Plazen an dat verdeelt op 3 Stäck.