ALA 04.09.2020

Trauerronn ëm Mënsche mat Demenz

Dir trauert ëm e Mënsch mat Demenz? An dëser Trauerronn hutt Dir d’Méiglechkeet iwwer Är Trauer ze schwätzen an Iech mat Leit an enger änlecher Liewenssituatioun auszetauschen.

Et ass een Uert fir nozelauschteren a gehéiert ze ginn.
Mir uechte géigesäiteg op Diskretioun.

Den offene Gedanken- an Erfarungsaustausch an dëser Ronn versicht Betraffener an hirer Trauer ze ënnerstëtzen an Impulser fir den Ëmgang mat der neier Situatioun ze ginn.

D’Trauerronn bitt sech un, wann Dir mat Ärer Trauer net eleng wëllt bleiwen.

Terminer:

19.03.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

28.04.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

15.06.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

28.07.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

08.09.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

19.11.21 vu 15.00 bis 16.30 Auer

Leedung:
Isabelle Nieder, Assistante sociale, Systemesch Familljeberoderin

Uert:
Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp”
8, Gruefwee | L-9147 Ierpeldeng/Sauer

D’Participatioun un der Trauerronn ass gratis.
Wann Dir Froen hutt oder wëllt un der Trauerronn deelhuelen, da mellt Iech gären ënnert der Nummer 26 007-1.