Psycholog freelance (m/w)

Tes missions :

  • Psychologesch a moralesch Ënnerstëtzung, Berodung an Orientéierung fir Persoune mat Demenz an hiert Ëmfeld
  • Begleedungsqualitéit weiderentwéckelen duerch geziilte psychologesch Interventiounen
  • Suivi an Duerchféierung vun Ënnerstëtzungsmoossnamen am Kader vun der Fleegeversécherung

Ton profil :

  • Kontaktfreedeg sinn, Sënn fir Wäerter an Ethik hunn
  • Empathesch, Teamgeescht a bereet sinn Initiativen ze huelen
  • Eegestännegkeet, Organisatiounssënn a Flexibilitéit
  • Erfahrungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
  • Gutt informatesch Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
  • Gutt Kenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an iwwer d’Fleegeversécherung
  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwe kënnen
  • Diplom als Psycholog
  • Führerschäin an eegenen Auto

Nous t'offrons :

  • All Dag eng nei Erausfuerderung déi deng Kreativitéit an däin Asaz freet
  • D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
  • Aktiv beim Ausschaffen a Weiderentwéckele vu Projete matwierken
  • Ofwiesslungsräich an eegestänneg Aufgaben duerchféieren
  • Perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten
  • Aussiicht eng Referenzpersoun ze ginn

Demande mat Liewenslaf an enger Foto schécks du w.e.g. un déi ënne genannten Adress. Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Service Ressources Humaines | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
jobs@alzheimer.lu

Postuler