ALA 02.02.2022

E grousse Merci der Kulturkommissioun vun der Gemeng Géisdref

Den 11. Januar 2022 hat d’Kulturkommissioun aus der Gemeng Géisdref an de Festsall invitéiert fir der ala e Scheck fir de Foyer „Gënzegold” vun Dol ze iwwerreechen. Dëse war d’Resultat vun der Glühwäinspendeaktioun wärend där sech d’Leit ganz spendabel gewisen hunn. D’Madame Cindy Hansen, Responsabel vum Foyer Dol, an den Här Denis Mancini, Member vum Directoire vun der ala, hunn de Scheck entgéintgeholl. Mir soen e ganz grousse Merci!