ALA 20.09.2021

Merci fir Är Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz

D’lescht Joer, wéi mir net konnte „walken” wéngst der Corona-Pandemie, hate mir eng virtuell Editioun vun eisem Memory Walk an d’Liewe geruff wou d’Leit hir Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz konnten duerch en Autocollant konnten aus­drécken. Well dës Aktioun e grousse Succès hat, hu mir dat nach eng Kéier gemaach.

An och dëst Joer hu vill Leit hir Solidaritéit mat de Mënsche mat Demenz ausgedréckt a mir krute mir vill Fotoe mam Sticker « Demenz – Ech si solidaresch » erage­schéckt. Hei eis Fotosgalerie.