ALA 08.07.2020

D’ala trauert ëm den Här Paul Diederich

De Verwaltungsrot, d‘Direktioun an d’Personal vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun traueren ëm hire Grënnungsmember, laangjärege President an Éierepresident, den

Här Paul Diederich

Paul, mir soen Dir Merci fir Däin onermiddlechen Asaz fir d‘Mënsche mat enger Demenz. Du wäers eis feelen a mir wäerten d’ala an dengem Sënn weiderféieren.

Senger Famill drécke mir eist opriichtegt Bäileed an eist déifste Matgefill aus.