ALA 13.10.2022

Zesummenaarbecht mat Zitha


Fir gemeinsam eng nohalteg Kultur vu „Palliativ Care“ ze fuerderen an ze erhalen, a fir d’Formatioun « Annäherung an Palliative Care und an die Begleitung des Lebensendes » vun Omega 90 kënne reegelméisseg unzebidden, gouf leschte Méindeg offiziell de Contrat de collaboration tëschent Zitha an der Association Luxembourg Alzheimer (ala) ënnerschriwwen.

Dëst Engagement erlaabt eis d’Ausbildung fir d‘Mataarbechter vu béiden Institutiounen an engem gemeinsamen Austausch vu Kompetenzen an am Kader vu gudde Praktiken ze fuerderen. D‘Weiderbildung ass eng wichteg Viraussetzung fir d’Betreiung vu schwéier kranke Mënschen a Mënschen um Enn vun hirem Liewenswee. Et soll eis ënnerstëtzen d’Liewensqualitéit vu stierwende Mënschen Doheem oder an der Institutioun bis déi lescht Stonnen ze garantéieren, an och hir Famill oder dat direkt Ëmfeld ze begleeden.

Mat Zitha hu mir e Partner fonnt fir e gutt Gelénge vun enger kollegialer a multi-professioneller Zesummenaarbecht.


@zitha @omega 90 #ala #alzheimer #soinspalliatifs #findevie #palliativpflege #würde