ALA 07.06.2022

Permanence vun der ala – Dënschdes vun 9.00 bis 13.00 Auer an der Maison médicale zu Wëntger

Maison médicale | 43, Haaptstrooss | L-9780 Wëntger

E Basisverständnis vun Demenz reduzéiert d’Onsécherheet vun de Betraffenen an hire Familljen. Wärend eiser Permanence steet Iech eise Sozial- a Koordinatiounsdéngscht mat Rot an Dot zur Säit.

  • Dir kritt Informatiounen iwwer d’Krankheet, d’Symptomer an d’Ënnerstëtzungsofferen (Hëllefsdéngschter doheem, Dagesfleeg …).
  • Dir kritt Hëllef bei der Entlaaschtung vun de Familljememberen.
  • Mir hëllefen Iech bei der Organisatioun a Koordinatioun vun den Hëllefsofferen am Kader vun der Fleegeversécherung.
  • Mir bidden Hëllef an Ënnerstëtzung bei administrativen Aufgaben.
  • Mir kënnen eng individuell ugepasste Léisung mat Iech zesummen ausschaffen.

Dir wëllt méi Informatiounen oder Rendez-vous huele fir e perséinlecht Berodungsge­spréich? Da rufft eis un op der Nummer
26 007-1.