ALA
07.06.2022
Permanence vun der ala – Dënschdes vun 9.00 bis 13.00 Auer an der Maison médicale zu Wëntger
Maison médicale | 43, Haaptstrooss | L-9780 Wëntger
E Basisverständnis vun Demenz reduzéiert d’Onsécherheet vun de Betraffenen an hire Familljen. Wärend eiser Permanence steet Iech eise Sozial- a Koordinatiounsdéngscht mat Rot an Dot zur Säit.
- Dir kritt Informatiounen iwwer d’Krankheet, d’Symptomer an d’Ënnerstëtzungsofferen (Hëllefsdéngschter doheem, Dagesfleeg …).
- Dir kritt Hëllef bei der Entlaaschtung vun de Familljememberen.
- Mir hëllefen Iech bei der Organisatioun a Koordinatioun vun den Hëllefsofferen am Kader vun der Fleegeversécherung.
- Mir bidden Hëllef an Ënnerstëtzung bei administrativen Aufgaben.
- Mir kënnen eng individuell ugepasste Léisung mat Iech zesummen ausschaffen.
Dir wëllt méi Informatiounen oder Rendez-vous huele fir e perséinlecht Berodungsgespréich? Da rufft eis un op der Nummer
26 007-1.