ALA 25.01.2021

25.1.2021 Impfdag am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng

E Méindeg, de 25. Januar 2021 war Impfdag am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng. Moies kruten d‘Bewunner d’Covid-19-Impfung a mëttes war et um Personal.

Méi wéi 90 % vun de Bewunner hu sech impfe gelooss. Bei de Mataarbechter hate sech 89 Leit ageschriwwen an am Dezember ware schonn 30 Personalmembere geimpft ginn. Alles huet tipptopp geklappt an et war flott déi vill Leit mat engem Laachen am Gesiicht ze gesinn.

Mir wollten eisen Dokteren, ënnert der Leedung vum Coordinateur, dem Här Dr Jacquemart, och e grousse Merci soen fir hiren Asaz an hir Disponibilitéit.