ALA 31.01.2020

Benevollen

D’ala sicht Benevollen fir d’Kaffisstuff „Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng un der Sauer

Samschdes, sonndes a wärend de Feierdeeg vu 14.00 bis 18.00 Auer

Viraussetzungen, déi Dir sollt matbréngen

  • Freed am Ëmgang mat Mënschen
  • Empathie a Sensibilitéit
  • Konstruktiv Astellung zur Demenzerkrankung
  • Perséinlech Belaaschtbarkeet
  • Bereetschaft sech mam Alter a mat der Krankheet ze konfrontéieren
  • Lëtzebuergesch schwätzen
  • Reegelméisseg Präsenz

Weiderbildungsoffer

  • Schnupperdag
  • Deelhuelen u Coursen zum Thema Demenz
  • Reegelméissegen Austausch a professionell Begleedung

Informatiounen a Kontakt

Personalbüro, Tel. 26 007-1
Mail: personnel@alzheimer.lu