ALA
31.01.2020
Benevollen
D’ala sicht Benevollen fir d’Kaffisstuff „Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng un der Sauer
Samschdes, sonndes a wärend de Feierdeeg vu 14.00 bis 18.00 Auer
Viraussetzungen, déi Dir sollt matbréngen
- Freed am Ëmgang mat Mënschen
- Empathie a Sensibilitéit
- Konstruktiv Astellung zur Demenzerkrankung
- Perséinlech Belaaschtbarkeet
- Bereetschaft sech mam Alter a mat der Krankheet ze konfrontéieren
- Lëtzebuergesch schwätzen
- Reegelméisseg Präsenz
Weiderbildungsoffer
- Schnupperdag
- Deelhuelen u Coursen zum Thema Demenz
- Reegelméissegen Austausch a professionell Begleedung
Informatiounen a Kontakt
Personalbüro, Tel. 26 007-1
Mail: personnel@alzheimer.lu