Wann e Mënsch un Alzheimer oder enger anerer Form vun Demenz erkrankt, bréngt dat eng ganz Rei vu klengen a grousse Verännerunge fir d’ganz Famill an d’soziaalt Ëmfeld mat sech.D’Betreiung vun engem Familljemember oder enger Persoun aus dem Bekanntekrees mat Alzheimer/Demenz stellt eng grouss kierperlech an emotional Erausfuerderung duer
D’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer ass zënter 30 Joer Uspriechpartner fir betraffe Familljen.
Den Inhalt vum Cours
• Informatioun iwwer d’Demenz
• Austausch mat anere betraffene Familljememberen
• Kommunikatioun mat der betraffener Persoun
• Ëmgang mat de Verhalensweise vum Mënsch mat Demenz
• Informatioun iwwer d’Ënnerstëtzungsméiglechkeeten
• Praxistipps fir den Alldag
D’Ziler vum Cours
• Familljememberen entlaaschten
• Verständnis fir de Betraffenen entwéckelen
De Cours ass gratis an adresséiert sech u Privatpersounen.