Long séjour

Wunnberäichsleeder (m/f)

40 Stonnewoch Kontrakt op onbegrenzten Zäit

Tes missions :

• Eegestänneg Leedung vun 2 Wunnberäicher
• Verantwortlech fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung, Fleeg a Begleedung vun eise Bewunner an hire Familljen
• Gestioun vun enger multidisziplinärer Equipe vun ongeféier 30 Persounen
• Suerge fir eng adequat Formatioun vum Personal
• Personal bestäerken an an hirer Aarbecht ënnerstëtzen
• Organisatioun, Preparatioun an Animatioun vu Reuniounen
• Gestioun vun der Dokumentatioun iwwert eis Bewunner
• Participatioun u verschiddene Projeten an Aarbechtsgruppen

Ton profil :

• Kontaktfreedeg sinn, Sënn fir Wäerter an Ethik hunn
• Empathesch, Teamgeescht a bereet sinn Initiativen ze huelen
• Eegestännegkeet, Organisatiounssënn a Flexibilitéit
• Minimum 3 Joer Beruffserfahrung an enger änlecher Positioun
• Erfahrungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Eng staark Perséinlechkeet mat Féierungsqualitéiten
• Gutt informatesch Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
• Gutt Kenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am soziale Beräich an iwwer d’Fleegeversécherung
• Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwen
• Diplom als Infirmier oder Infirmier psychiatrique an den entspriechend lëtzebuergeschen Droit d’exercer

Nous t'offrons :

• All Dag eng nei Erausfuerderung déi deng Kreativitéit an däin Asaz freet
• D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
• Aktiv beim Ausschaffen a Weiderentwéckele vu Projeten matwierken
• Ofwiesslungsräich an eegestänneg Aufgaben duerchféieren
• Perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten
• Aussiicht eng Referenzpersoun ze ginn
• Gehalt laut SAS-Kollektiv-Vertrag

D’Demande mat Liewenslaf an enger Foto kanns du un jobs@alzheimer.lu schécken.
Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Service Ressources Humaines | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
personnel@alzheimer.lu

Postuler