ALA 30.06.2022

Aktuell Informatiounen zur Covid-19-Gestioun an eise Strukturen (Stand: 30.6.2022)

Aktuell Informatiounen op Basis vum Gesetz vum 30. Juni 2022 (portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie COVID-19).

Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

Wat musst Dir wëssen wann Dir op Besuch kommt?

  • D’Ëffungszäite vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ sinn wéi folgend:
    • vu méindes bis freides tëschent 8.00 an 19.15 Auer
    • samschdes, sonndes & Feierdeeg tëschent 8.00 an 20.00 Auer
  • Dir mellt Iech am Accueil un (et ass net néideg am Virfeld e Rendez-vous ze huelen).
  • D’Mataarbechter vum Accueil erhiewe weiderhin folgend Informatiounen vum externe Visiteur:
    • Adress,
    • Telefonsnummer,
    • Auerzäit wou d’Persoun erakomm/erausgaang ass.
  • Zousätzlech gëtt bei all Visitt verlaangt ee Selbsttest ze maachen. De Selbsttest gett Iech vun eisem Accueil zur Verfügung gestallt a gëtt virun der Dier an der Test-Statioun ausgefouert.

Wann Äre Selbsttest positiv ass, da kënnt Dir net an d’Haus op Besuch kommen. Äert positiivt Resultat musst Dir deklaréieren iwwert den Internetsite Coronavirus (public.lu).

  • D’Droe vun enger chirurgescher Mask ass am ganzen Haus obligatoresch.
  • Distanzreegele mussen agehale ginn.
  • Wärend dem Besuch ass et weiderhin net erlaabt eppes zesummen z’iessen oder ze drénken.
  • De Bewunner däerf mat der Famill d’Haus verloossen.
  • D’Famill däerf sech mam Bewunner ausserhalb vum Zëmmer am Haus ophalen (am Wunnberäich, an den Gäng, am Gaart …)

Restaurant „Beim Goldknapp“

De Restaurant „Beim Goldknapp“ ass op vu méindes bis freides vun 8.30 bis 16.30 Auer. An dësem Zesummenhang wëllen mir Iech op Folgendes opmierksam maachen:

  • Eng Reservatioun am Virfeld (beim Restaurant) ass néideg.

Ambulant Déngschter a Strukturen

Déi ambulant Strukture bei der ala hu säit dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie net opgehal hir Déngschter a Servicer unzebidden. All d’Antenne vun eisem Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem fonctionéiere mat engem verstäerkten Hygièneskonzept weider.

D’Foyere vun der ala fonctionéieren de Moment normal. Mir maachen d’Famille just drop opmierksam, dass keen Dagesgaascht an de Foyer dierf komme wann hien oder en aner Familljemember positiv getest gouf

Berodungsdéngschter

De Sozial- a Koordinatiounsdéngscht, de psychologeschen Déngscht an den therapeuteschen Déngscht bidde weiderhin mat engem verstäerkten Hygièneskonzept hir Ënnerstëtzung un.

Coursen a Berodungsservicer vun der ala

De Familljekrees fënnt all 2. Dënschdeg am Mount vu 15.30 bis 17.00 Auer am Wunn- a Fleegeheem zu Ierpeldeng statt.

D’Selbsthëllefgrupp fënnt all 1. Donneschdeg am Mount vu 8.00 bis 10.00 Auer zu Dummeldeng am Sëtz vun der ala (45, rue Nicolas Hein).

Weider Informatiounen iwwert eis Coursë kritt Dir op eisem Internetsite an ënnert der Nummer 26 007-1.