ALA 08.04.2022

Bléck hannert d’Kulissen: D’ala invitéiert op hir Visitt fir Professioneller

  • Du schaffs gäre mat Mënsche mat enger Demenz?
  • Du wëlls d’Servicer vun der ala kenne léieren?
  • Du wëlls dech mat Leit vum Terrain austauschen an den Terrain „live” erliewen?

Da komm op d’Visitt fir Professioneller aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur de 14. Mee 2022 vun 9.30 bis 12.00 Auer an d’Wunn- a Fleegheem « Beim Goldknapp » zu Ierpeldeng un der Sauer.

Umelde kanns Du dech bis den 10. Mee 2021 andeems du dëse Formulaire ausfëlls.

Visitt "Beim Goldknapp"

Heimat melden ech mech un fir d’Visitt fir Professioneller de 14. Mee 2022 vun 9.30 bis 12.00 Auer am Wunn- a Fleegheem « Beim Goldknapp ».