ALA 06.10.2021

Themenowend Gesetzlech Schutzmoossnamen am Kontext vun enger Demenzerkrankung

Fir Familljen a Bezuchspersoune vu Mënsche mat Demenz

Mëttwoch, den 10. November 2021
vun 18.00 bis 19.30 Auer
am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp”
8, Gruefwee
L-9147 Ierpeldeng/Sauer

Theme vum Owend
• Definitioun vu Curatelle, Tutelle, Représentation légale
• Wat sinn d’Ënnerscheeder?
• Wéini a wéi gëtt esou eng Schutzmoossnam ugefrot?

Organiséiert vum psychosozialen Déngscht vun der ala.
Referentin: Isabelle Nieder
Sprooch: Lëtzebuergesch

Den Themenowend ass gratis an op fir jiddereen.

Umeldung obligatoresch op der Nummer 26 007-1.