ALA 15.01.2021

Aktuell Informatiounen zur Covid-19-Gestioun an eise Strukturen (Stand: 23.2.2021)

Impfstrategie

Vu Mëtt Januar un ass et um Secteur vun de Fleegedéngschtleeschter fir sech impfen ze loossen.

E Méindeg, de 25. Januar 2021 war den 1. Impfdag am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp” zu Ierpeldeng un der Sauer. Moies kruten déi Bewunner d’Covid-19-Impfung, déi hiren Accord ginn haten a mëttes war et un de Personamemberen, déi sech ageschriwwen haten.

Méi wéi 90 % vun de Bewunner hu sech impfe gelooss. Bei de Mataarbechter hate sech 89 Leit ageschriwwen an am Dezember ware schonn 30 Personalmembere geimpft ginn. Alles huet tipptopp geklappt an et war flott déi vill Leit mat engem Laachen am Gesiicht ze gesinn.

Méindes, den 22. Februar 2021 kruten d’Bewunner an d’Mataarbechter vun der ala dunn hir 2. Impfdosis géint de Coronavirus.

Wunn- a Fleegeheem « Beim Goldknapp »

Ab dem 8. Februar bis Enn Mäerz geet eng nei Phas am Large Scale Testing un, an där net nëmmen d’Bewunner, mee och d’ganzt Personal (Fleegepersonal an administratiivt Personal) systematesch getest gëtt. Wéi och schonn déi Kéiere virdrun, kënnt eng mobil Equipe op d‘Plaz a mécht d’Tester direkt am Wunn- a Fleegeheem.

Nodeems d’Haus wochelaang zou war, hu mir den 11. Januar erëm mat Visitten ugefaangen. Dëst an enger éischter Phas am Besuchszëmmer mat Plexiglas-Wand. Vum 21. Januar un, kënnen och erëm Visitten op den Zëmmeren stattfannen. Well mir d’Pandemie am Haus aktuell ganz gutt ënner Kontroll hunn, wäerte mir ab dem 15. Februar 2021 eis Besuchsméiglechkeete weider oplackeren. D’Reegel vu maximal engem Besuch an der Woch am Zëmmer gëtt dann opgehuewen, dat heescht, dass e Bewunner méi wéi ee Besuch an der Woch empfänke kann.

D’Famille musse mindestens 24 Stonnen am Viraus Rendez-vous am Accueil huelen ënnert der Telefonsnummer 26 007-1.

Ambulant Déngschter a Strukturen

Déi ambulant Strukture bei der ala hu säit dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie net opgehal hir Déngschter a Servicer unzebidden. All d’Antenne vun eisem Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem fonctionéiere mat engem verstäerkten Hygièneskonzept weider. D’Hygièneskonzept vun eisen Dagesfoyeren ass esou opgebaut, dass mer manner Dagesgäscht pro Foyer betreie fir e Maximum vu Sécherheet kënnen ze garantéieren. Sou kënne mer déi betraffe Mënschen an hir Famille weiderhin ënnerstëtzen.  

Berodungsdéngschter

De Sozial- a Koordinatiounsdéngscht, de psychologeschen Déngscht an den ergotherapeuteschen Déngscht bidde weiderhin mat engem verstäerkten Hygièneskonzept hir Ënnerstëtzung un. De Cours fir betraffe Famillen an de Familljekrees ginn online ugebueden. Informatioune kritt Dir op eisem Internetsite an ënnert der Nummer 26 007-1.