ALA 11.03.2022

Aktuell Informatiounen zur Covid-19-Gestioun an eise Strukturen (Stand: 11.3.2022)

Impfstrategie

D’Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun schléisst sech der Empfeelung vun der Regierung un a rifft weiderhin op, dass d’Mataarbechter sech sollen impfe loossen. Si ass der Meenung, dass déi Leit, déi am Fleegesecteur schaffen net nëmmen d’Verantwortung hu fir sech selwer, mee och fir all déi Leit, déi si betreien. Sech impfe loossen ass deen eenzege Wee eraus aus dëser Pandemie a virun allem ass et e Geste vu Solidaritéit a vu perséinlecher Responsabilitéit.

Fir iwwer d’Impfung ze informéieren an ze sensibiliséieren, hu 4 Mataarbechter d’Roll vum Impfambassadeur bei der ala ugeholl. Hir Missioun ass et:

  1. Sech reegelméisseg iwwer d’Impfungen um Lafenden halen
  2. De Mataarbechter bei Froen zur Verfügung ze stoen
  3. D’Personal ze encouragéiere fir sech impfen ze loossen
  4. D’Propagatioun vu Falschinfomatiounen ze verhënneren

Régime 3G

Op Basis vum Gesetz vum 11. Mäerz 2022 (portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie COVID-19) gëtt de Régime CovidCheck an eise Strukturen duerch de Régime 3G ersat. Dësen erlaabt eis all Persounen ze kontrolléieren fir ze kucken ob si geimpft, geheelt oder getest sinn.

Dëst bedeit, dass een eng vu folgende Konditiounen erfëllen muss fir Zougang zu eisen Strukturen ze erhalen:

  • Noweis vun enger kompletter Covid-19-Impfung
  • Noweis, dass ee vun enger Covid-19-Erkrankung geheelt ass (dierf net méi al wéi 6 Méint sinn)
  • Noweis vun engem gültege Covid-Test
    • PCR-Test deen net méi wéi 48 Stonnen al ass
    • Zertifizéierte Schnelltest deen net méi wéi 24 Stonnen al ass

As keng vun dese Konditiounen erfëllt, kritt déi betraffe Persoun keen Zougang zu de Raimlechkeeten.

Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

Wat musst Dir wëssen wann Dir op Besuch kommt?

  • D’Ëffungszäite vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ sinn wéi folgend:
    • vu méindes bis freides tëschent 8.00 an 19.15 Auer
    • samschdes, sonndes & Feierdeeg tëschent 8.00 an 20.00 Auer
  • Dir mellt Iech am Accueil un (et ass net néideg am Virfeld e Rendez-vous ze huelen).
  • Bis op Weideres muss bei all Visitt de CovidCheck ausgeféiert ginn.
  • Am Wunn- a Fleegeheem gëtt de CovidCheck via de CovidCheck-Apparat ausgeféiert:
    • bei gréngem Signal kann de Visiteur eragoen,
    • bei roudem Signal ass et dem Visiteur net erlaabt eranzegoen.
  • De Controller erhieft weiderhin folgend Informatiounen vum externe Visiteur:
    • Adress,
    • Telefonsnummer,
    • Auerzäit wou d’Persoun erakomm/erausgaang ass.
  • Zousätzlech gëtt bei all Visitt verlaangt ee Selbsttest ze maachen. De Selbsttest gett Iech vun eisem Accueil zur Verfügung gestallt a gëtt virun der Dier am Chalet ausgefouert.

Wann Äre Selbsttest positiv ass, da kënnt Dir net an d’Haus op Besuch kommen. Äert positiivt Resultat musst Dir deklaréieren iwwert den Internetsite Coronavirus (public.lu).

  • D’Droe vun enger chirurgescher Mask ass am ganzen Haus obligatoresch.
  • Distanzreegele mussen agehale ginn.
  • Wärend dem Besuch ass et weiderhin net erlaabt eppes zesummen z’iessen oder ze drénken.
  • De Bewunner däerf mat der Famill d’Haus verloossen.
  • D’Famill däerf sech mam Bewunner ausserhalb vum Zëmmer am Haus ophalen (am Wunnberäich, an den Gäng, am Gaart …)

Restaurant „Beim Goldknapp“

De Restaurant „Beim Goldknapp“ ass op vu méindes bis freides vun 8.30 bis 16.30 Auer. An dësem Zesummenhang wëllen mir Iech op Folgendes opmierksam maachen:

  • Eng Reservatioun am Virfeld (beim Restaurant) ass néideg.
  • Fir nomëttes ginn 2 Service-Zäiten ugebueden, déi jeeweils op 45 Minutte beschränkt sinn:
    – vu 14.15 bis 15.00 Auer
    – vu 15.15 bis 16.00 Auer
  • De CovidCheck, deen Dir am Aganksberäich ausféiert bleift och fir den Zoutrëtt zum Restaurant gülteg.
  • Fir d’Bewunner vum Wunn- a Fleegeheem brauch keen zousätzleche CovidCheck ausgeféiert ze ginn.

Ambulant Déngschter a Strukturen

Déi ambulant Strukture bei der ala hu säit dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie net opgehal hir Déngschter a Servicer unzebidden. All d’Antenne vun eisem Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem fonctionéiere mat engem verstäerkten Hygièneskonzept weider. D’Hygièneskonzept vun eisen Dagesfoyeren ass esou opgebaut, dass mer manner Dagesgäscht pro Foyer betreie fir e Maximum vu Sécherheet kënnen ze garantéieren. Sou kënne mer déi betraffe Mënschen an hir Famille weiderhin ënnerstëtzen.

D’Foyere vun der ala fonctionéieren de Moment normal. Mir maachen d’Famille just drop opmierksam, dass keen Dagesgaascht an de Foyer dierf komme wann hien oder en aner Familljemember positiv getest gouf.

Och an eise Foyerë gëllt de “Régime 3G”. Dëst bréngt mat sech, dass d’ala a senge Strukturen all Persounen – Personal an Dagesgäscht abegraff – kontrolléieren muss.

Wann en Dagesgaascht nach net ganz geimpft ass oder e kann oder wëllt sech net impfe loossen, da maache mir en Antigentest bei senger Arrivée am Foyer, esou wéi dat am Gesetz steet. Wann dësen Test positiv ass, da kann den Dagesgaascht net an de Foyer kommen a mir deklaréieren d‘Resultat op covidtracing.public.lu. Duerch streng Hygiènes- a Sécherheetsmesuren bleift den Encadrement vun eisem Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem ëmmer nach méiglech.

Zousätzlech bidde mir de geimpften oder geheelten Dagesgäscht a Clientë vum ambulanten Hëllefs- a Fleegedéngscht en Antigen-Selbsttest un.

Berodungsdéngschter

De Sozial- a Koordinatiounsdéngscht, de psychologeschen Déngscht an den therapeuteschen Déngscht bidde weiderhin mat engem verstäerkten Hygièneskonzept hir Ënnerstëtzung un.

Coursen a Berodungsservicer vun der ala

D’Trauerronn fënnt all 2. Mount am Wunn- a Fleegeheem “Beim Goldknapp” statt. An dëser Trauerronn hutt Dir d’Méiglechkeet iwwer Är Trauer ze schwätzen an Iech mat Leit an enger änlecher Liewenssituatioun auszetauschen. D’Participatioun un der Trauerronn ass gratis. Wann Dir Froen hutt oder wëllt un der Trauerronn deelhuelen, da mellt Iech gären ënnert der Nummer 26 007-1.

De Familljekrees fënnt all 2. Dënschdeg am Mount vu 15.30 bis 17.00 Auer am Wunn- a Fleegeheem zu Ierpeldeng statt.

D’Selbsthëllefgrupp fënnt all 1. Donneschdeg am Mount vu 8.00 bis 10.00 Auer zu Dummeldeng am Sëtz vun der ala (45, rue Nicolas Hein).

Weider Informatiounen iwwert eis Coursë kritt Dir op eisem Internetsite an ënnert der Nummer 26 007-1.