ALA 11.06.2021

Alzheimer Webcafé – 30. Juni vu 15.00 bis 17.00 Auer

Dir hutt Froen zum Thema Alzheimer oder Demenz?
Dir wëllt Iech informéieren, diskutéieren an Iech mat anere Famillje­memberen iwwer hir Erfarungen am Ëmgang mat Demenz austauschen?
Dat Ganzt ouni Rendez-vous an ouni Äert Haus ze verloossen?

Da kommt an eisen Alzheimer Webcafé! Mat engem Klick kënnt Dir Iech connectéieren a kommunizéieren. Eise Berodungsdéngscht steet Iech natierlech och mat guddem Rot zur Säit.

Mir ginn Iech Rendez-vous fir déi 3. Editioun via Zoom
e Mëttwoch den 30. Juni 2021 vu 15.00 bis 17.00 Auer.

Fir Iech ze connectéieren, braucht Dir just op dëse Link ze klicken:
https://zoom.us/j/96416981038?pwd=aGoza0xMdERlL0x6OTI4bTY1ajNCZz09

Dir braucht Iech net virdrun unzemelden..