ALA 15.01.2021

Aktuell Informatiounen zur Covid-19-Gestioun an eise Strukturen (Stand: 6.4.2021)

Impfstrategie

D’Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun schléisst sech der Empfeelung vum Gesondheetsministère un a rifft weiderhin op, dass d’Mataarbechter sech sollen impfe loossen. Si ass der Meenung, dass déi Leit, déi am Fleegesecteur schaffen net nëmmen d’Verantwortung hu fir sech selwer, mee och fir all déi Leit, déi si betreien. Sech impfe loossen ass deen eenzege Wee eraus aus dëser Pandemie a virun allem ass et e Geste vu Solidaritéit a vu perséinlecher Responsabilitéit.

Fir iwwer d’Impfung ze informéieren an ze sensibiliséieren, hu 4 Mataarbechter d’Roll vum Impfambassadeur bei der ala ugeholl. Hir Missioun ass et:

  1. Sech reegelméisseg iwwer d’Impfungen um Lafenden halen
  2. De Mataarbechter bei Froen zur Verfügung ze stoen
  3. D’Personal ze encouragéiere fir sech impfen ze loossen
  4. D’Propagatioun vu Falschinfomatiounen ze verhënneren

Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

Den 9. Mäerz ass eng nei Phas vum Large Scale Test ugaang an där net nëmmen d’Bewunner, mee och d’ganzt Personal (Fleegepersonal an administratiivt Personal) vun der ala getest gouf.

Well bei der Auswäertung vun dësem Test keng positiv Resultater registréiert goufen, sinn d’Visitten am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ ab dem 11. Mäerz 2021 wéi folgend organiséiert:

  1. Wärend der Besetzung vum Accueil ass d’Haaptentrée op.
  2. Fir all Visitt muss am Aganksberäich weiderhin en individuelle Besuchsformulaire (pro Persoun) ausgefëllt ginn.
  3. D’Besuchszäite bleiwen onverännert op de Wunnberäicher: vu méindes bis sonndes tëschent 9.30 an 11.45 Auer moies a 15.00 bis 17.15 Auer nomëttes.
  4. D’Visitten am Besuchszëmmer mat Plexiglas ginn net méi ugebueden.

Mir bieden Iech weiderhin mindestens 24 Stonnen am Viraus e Rendez-vous ze huele bei eisem Accueil iwwert d’Telefonsnummer 26 007-1.

Nom Large Scale Testing vum 22. Mäerz, am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng un der Sauer sinn all d’Bewunner an d’Mataarbechter negativ getest ginn.

Ab en Dënschdeg, de 6. Abrëll 2021 hunn d’Famillen d’Méiglechkeet virun hirem Besuch e Selbsttest op de Covid-19 bei eis am Wunn- a Fleegeheem ze maachen. Dëst ass keng Verflichtung.

Fir dass mir dëst bescht méiglechst organiséiere kënnen, biede mir Iech, wann Dir Äre Rendez-vous huelt fir op Besuch ze kommen, Bescheed ze soen ob Dir e Selbsttest maache wëllt.

E Méindeg, den 19. Abrëll 2021 gëtt e weidere Large Scale Test am Haus gemaach.

Ambulant Déngschter a Strukturen

Déi ambulant Strukture bei der ala hu säit dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie net opgehal hir Déngschter a Servicer unzebidden. All d’Antenne vun eisem Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem fonctionéiere mat engem verstäerkten Hygièneskonzept weider. D’Hygièneskonzept vun eisen Dagesfoyeren ass esou opgebaut, dass mer manner Dagesgäscht pro Foyer betreie fir e Maximum vu Sécherheet kënnen ze garantéieren. Sou kënne mer déi betraffe Mënschen an hir Famille weiderhin ënnerstëtzen.

D’Foyere vun der ala fonctionéiere de Moment normal. Mir maachen d’Famille just drop opmierksam, dass keen Dagesgaascht an de Foyer dierf komme wann hien oder en aner Familljemember positiv getest gouf.

Berodungsdéngschter

De Sozial- a Koordinatiounsdéngscht, de psychologeschen Déngscht an den therapeuteschen Déngscht bidde weiderhin mat engem verstäerkten Hygièneskonzept hir Ënnerstëtzung un.

Coursë vun der ala

Den 19. Mäerz fënnt déi éischt Trauerronn vu 15.00 bis 16.30 Auer am Wunn- a Fleegeheem “Beim Goldknapp” statt. An dëser Trauerronn hutt Dir d’Méiglechkeet iwwer Är Trauer ze schwätzen an Iech mat Leit an enger änlecher Liewenssituatioun auszetauschen. D’Participatioun un der Trauerronn ass gratis. Wann Dir Froen hutt oder wëllt un der Trauerronn deelhuelen, da mellt Iech gären ënnert der Nummer 26 007-1.

De Familljekrees huet vu Januar bis Mäerz online stattfonnt a wäert ab dem 13. Abrëll erëm als Présentiel stattfannen.

Den éischte Cours fir betraffe Famillje fënnt de 16. Juni 2021 vun 9.00 bis 16.00 Auer am Foyer „Villa Reebou“ zu Diddeleng statt.

D’Selbsthëllefgrupp fënnt momentan net statt.

Weider Informatiounen iwwert eis Coursë kritt Dir op eisem Internetsite an ënnert der Nummer 26 007-1.