1 Responsable Département Soins (m/w)
Association Luxembourg AlzheimerD’Association Luxembourg Alzheimer sicht fir hiert Wunn- a Fleegeheem zu Ierpeldeng/Sauer
1 Responsable Département Soins (m/w)
Kontrakt op onbegrenzten Zäit | 40 Stonnewoch
Ref. MSSERP_RDS_112019
Är Aufgaben
• Sécherstellen vun engem optimalen a qualitativ héichwäertegen Oflaf vun der Fleeg a Begleedung vun de Bewunner an hire Familljen
• Matgestaltung vun enger Organisatiounskultur an engem Fleege- a Betreiungskonzept, mat där sech d’Mataarbechter identifizéiere kënnen
• Neientwécklung, Verbesserung an Ëmsetzung vu Konzepter, Standarden, Prozeduren a Methoden an der Fleeg
• Verantwortlech fir eng wirtschaftlech an un d’Besoinen adaptéiert Uschafung a Uwennung vun noutwendege Mëttel fir d’Fleeg
• Matverantwortlech fir eng un d’Organisatioun adaptéiert Asazplanung a Weiderentwécklung vun de Mataarbechter
Äre Profil
• Minimum 3 Joer Beruffserfahrung an enger änlecher Positioun
• Erfahrungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Eng staark Perséinlechkeet mat Féierungsqualitéiten
• Gutt informatesch Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
• Gutt Kenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an iwwer d’Fleegeversécherung
• Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwen
Demande mat Liewenslaf an enger Foto schéckt Dir w.e.g. bis spéitstens de 6. Januar 2020 un déi ënne genannten Adress. Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.
Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
personnel@alzheimer.lu

fr
de