ALA 23.04.2020

D’ala ënnerstëtzt d’Positioun vun Alzheimer Europe

„Fir dass keng diskriminéierend Praktiken géint Mënsche mat Demenz opkommen, ass et en Opruff un d’Regierungen a ganz Europa fir d’Infrastrukture vun der Intensivfleeg esou auszebauen an ze preparéieren, dass eng Prise en charge vun alle Leit, déi vum Coronavirus betraff si, garantéiert ass.“ D’ala ënnerstëtzt dës Positioun vun Alzheimer Europe. Méi Infoen dozou fannt Dir hei: https://bit.ly/2UYkDAw