Stellenangebote

Wunnberäichsleedung (m/w)

Wunnberäichsleedung (m/w)

D'Association Luxembourg Alzheimer asbl sicht fir hiert Wunn- a Fleegeheem:

1 Wunnberäichsleedung (m/w)

Kontrakt op onbegrenzten Zäit | 40 Stonnewoch

Äre Profil:
• Infirmier, infirmier psychiatrique
• Minimum 3 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Positioun
• Erfarungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Eng staark Perséinlechkeet mat Féierungsqualitéiten
• Computerkenntnisser am Word, Excel an Outlook
• Gutt Grondkenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an iwwer d’Fleegeversécherung
• Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwen

Är Missioun:
• Eegestänneg Leedung vun 2 Wunnberäicher
• Verantwortlech fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung, Fleeg a Begleedung vun eise Bewunner an hire Familljen
• Gestioun vun enger multidisziplinärer Equipe vun +/- 35 Persounen• Suerge fir eng adequat Formatioun vum Personal
• Personal bestäerken an an hirer Aarbecht ënnerstëtzen
• Organisatioun, Preparatioun an Animatioun vu Reuniounen• Gestioun vun der Dokumentatioun iwwert eis Bewunner
• Participatioun u verschidde Projet an Aarbechtsgruppen

Dir sidd:
• Kontaktfreedeg an hutt ee respektvollen Ëmgang mat Leit
• Flexibel a belaaschtbar• Empathesch a besëtzt Teamgeescht
• Eegestänneg, organiséiert a schafft zilorientéiert

Mir bidden Iech:
• Schaffen no innovative Begleedungs- a Betreiungskonzepter
• Villfältegkeet an Eegestännegkeet beim Ausübe vun Ärer Aarbecht
• Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzendem Team vertrauensvoll a partnerschaftlech ze schaffen
• Intern an extern Formatiounen
• Kollektivvertrag SAS

Demande mat Lieweslaf an enger Foto schéckt Dir w.e.g. bis spéitstens den 30. Juni 2018 un déi ënne genannten Adress. Eng Virwahl gëtt un Hand vunde Bewerbungsënnerlage gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer
Administration du Personnel | BP 5021 | L-1050 Luxembourg

Bewerben