Stellenangebote

1 Psychomotricien (m/w) oder 1 Ergotherapeut (m/w)

1 Psychomotricien (m/w) oder 1 Ergotherapeut (m/w)

Mir siche fir eise Service thérapeutique zu Ierpeldeng/Sauer

e Psychomotricien oder Ergotherapeut (m/f)

Ref. MSS_ERP_ERG_2-2020
20 Stonnewoch Kontrakt op onbegrenzten Zäit

Däi Profil:
• Kontaktfreedeg sinn, Sënn fir Wäerter an Ethik hunn
• Empathesch, Teamgeescht a bereet sinn Initiativen ze huelen
• Eegestännegkeet, Organisatiounssënn a Flexibilitéit
• Minimum 3 Joer Beruffserfahrung an enger änlecher Positioun
• Erfahrungen a Kenntnisser am geronto-psychiatresche Beräich
• Eng staark Perséinlechkeet mat Féierungsqualitéiten
• Gutt informatesch Kenntnisser am Word, Excel an Outlook
• Gutt Kenntnisser iwwer déi lëtzebuergesch Gesetzgebung am Aleberäich an iwwer d’Fleegeversécherung
• Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a schreiwe kënnen
• Diplom als Psychomotricien oder Ergotherapeut an den entspriechende lëtzebuergeschen Droit d’exercer

Deng Aufgaben:
• Verantwortlech fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung an therapeutesch Begleedung vun eise Bewunner, Clienten oder Dagesgäscht
• Suivi an Durchféierung vun Ënnerstëtzungsmoossnamen am Kader vun der Fleegeversécherung
• Bäidroen zum gudde Fonctionnement vum Service thérapeutique

Mir bidden dir:
• All Dag eng nei Erausfuerderung déi deng Kreativitéit an däin Asaz freet
• D’Méiglechkeet an engem oppenen a wäertschätzenden Team vertrauensvoll ze schaffen
• Aktiv beim Ausschaffen a Weiderentwéckele vu Projeten matwierken
• Ofwiesslungsräich an eegestänneg Aufgaben duerchféieren
• Perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten
• Aussiicht eng Referenzpersoun ze ginn
• Gehalt laut SAS-Kollektiv-Vertrag

Demande mat Liewenslaf an enger Foto schécks du w.e.g. un déi ënne genannten Adress. Eng éischt Selektioun gëtt un Hand vun de Kandidature gemaach.

Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
Administration du Personnel | B.P. 5021 | L-1050 Luxembourg
personnel@alzheimer
Bewerben



Cookies sind notwendig für das reibungslose Funktionieren dieser Webseite. Durch die Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit der Verwendung von Cookies einverstanden. Mehr erfahren